CEV Volleyball European LeagueLëtzebuerg mat zwou Defaiten zu Kriens an der Schwäiz

Marc Burelbach
Souwuel géint d'Schwäiz wéi och géint Ungarn gouf et eng 0:3-Defaite.
© CEV

Fir den zweete European League Tournoi sinn d'Rout Léiwen an d'Schwäiz gefuer. Am éischte Match géint d'Eidgenosse konnten d'Lëtzebuerger am éischte Saz eng laang Zäit gutt mathalen. Eréischt an der Crunch Time haten d'Schwäizer déi besser Duerchsetzungskraaft an hu schlisslech mat 25:22 gewonnen. Och an de Sätz duerno waren d' Lëtzebuerger ëmmer un de Schwäizer drun. Ze dacks hunn awer e puer Zentimeter gefeelt an d' Schwäiz gewënnt d'Sätz 2 an 3 all Kéiers mat 25:20.

Um Samschdeg Owend stoung dunn Ungarn um Programm. Hei haten d'Lëtzebuerger virun zwou Woche bei den MEVZA Seniors nach knapps mat 2:3 verluer. Lëtzebuerg hat awer Problemer, an de Match ze fannen. Déi Ungaresch Block/Defense Strategie ass opgaangen an nom Réckstand vun 3 Punkte bei 13:16 sinn d'Rout Léiwen net méi erukomm.

Mat liicht verännerter Opstellung (Funk fir Braas an der Pass a Galoppo fir Bilan als Opposite) huet Lëtzebuerg versicht, dem Géigner seng Virbereedung ze stéieren. Leider haten dës Changementer net déi néideg Reussite an och den zweete Saz goung un Ungarn (25:18).

D'Coachen hu weiderhin alles probéiert, fir dat richtegt Rezept ze fannen. Den Optakt vum drëtte Saz war iwwerdeems net glécklech (1:8). Mat Kampfgeescht hunn d'Lëtzebuerger sech Stéck fir Stéck nees eru gespillt, mee den Ecart war schonn ze grouss. Um Enn stoung et 21:25.

Als nächst steet den Tournoi zu Lëtzebuerg um Programm. Hei spillen d'Lëtzebuerger e Freideg géint Éisträich an e Sonndeg am leschte Match vun der Campagne géint Griichenland.

De Programm an der Coque:

Fr 19.06. 19h30 Lëtzebuerg - Éisträich

Sa 20.06. 18h30 Éisträich - Griichenland

So 21.06. 17h30 Lëtzebuerg - Griichenland

Back to Top
CIM LOGO