
D'Duo Anne-Catherine Bollendorff a Chris Zender ass den neie Lëtzebuerger Champion am Beachvolleyball-Mixte. Si konnte sech an der Finall souverän mat 21:14 an 21:15 géint d'Koppel Völz/Schons duerchsetzen. Op déi drëtt Plaz huet et d'Duo Reuland/Goerens gepackt.
Bei der Finall-Ronn, déi vu "Beach de Lux" organiséiert gouf, waren 13 Ekippen ugemellt.
Nieft dem Championnat stoung de Weekend och d'Finall vun der éischter Editioun vun der Youth Beach Tour mat Spiller ënner 18 Joer um Programm. Hei gouf et um Enn eng Victoire (15:10, 15:11) vum Duo Carillo/Koroglanoglou géint d'Koppel Junker/Hrubanova. Déi drëtt Plaz um Podium war fir d'Duo Felten/Deseille.
