
Mat dobäi war och eng Lëtzebuerger Ekipp an zwar d'Scolaire Meedercher aus dem Lycée Michel Rodange. An der Gruppephas ware si op déi leschte Plaz komm an hunn dowéinst an de Plazéierungsronne fir d'Plazen 25 bis 32 gespillt.
An der éischter Partie gouf et en 1:2-Néierlag géint Dänemark, an dat obwuel d'Lëtzebuergerinnen 1:0 am Avantage waren. Selwecht Resultat a selwechten Oflaf da géint Franséisch Polynesien. An der leschter Partie du konnten d'Soclairen iwwerzeegen an hunn 2:0 géint Indien gewonnen, dat zwee Mol kloer mat 25:9 a 25:13. Um Enn lande si op der 31. vu 35 Plazen. Gewonne gouf den Turnéier vun Taipeh, dat virun der Tierkei a China.