
De Weekend waren zu Zéisseng um Stade Boy Konen d'Eliminatoirë vun der Luxembourg Beachvolleyball Tour. D'Koppel Colin Hilbert a Steve Weber, déi als Nummer 1 gesat ass, huet sech bei den Häre mat dräi Victoiren aus dräi Matcher souverän den Ticket fir d'1/2-Finall e Samschdeg zu Esch geséchert. Och an d'Endronn gepackt huet et den Duo als Nummer 2 Lucas Pernossi a Mathis Wolff. An enger spannender 1/4-Finall hu si sech am Tie Break géint d'Koppel Duch/Fischer duerchgesat.
D'Ekipp Chris Zender a Chris Zuidberg hunn da fir eng Iwwerraschung gesuergt. Als Seed 12 konnte si dräi vun dräi Matcher wannen, dorënner géint de Seed 5 Baustert/Fellinger a Barnes/Ruby, d'Halleffinaliste vum leschte Joer an och géint déi zwee Routiniere Pavelka/Kolacny.
D'1/2-Finallen, déi e Samschdeg an e Sonndeg am Kader vun de Luxembourg Beach Open zu Esch um Gaalgebierg gespillt ginn, heeschen Hilbert/Weber géint Centrone/Mangen a Wolff/Pernossi géint Zender/Zuidberg.
Bei den Damme konnte sech béid Koppelen Ruellan/Schaus a Kauka/Picht, déi als Nummer 1 an 2 gesat sinn, ouni gréisser Probleemer fir d'1/2-Finalle qualifizéieren. An deenen zwee aneren Dueller waren d'Matcher méi enk. D'Duoen Nummer 3 a 4 hu sech hei misse geschloe ginn, sou datt d'1/2-Finallen de Weekend Schaus/Ruellan géint San Martin/Plusa a Kauka/Picht géint Lorang/Complak heeschen. Sechs vun den aacht Halleffinalistinne sinn domat vum Gym Volley.

Samschdeg 25/07/2026
• 17:00 semi-final 1 (m) Hilbert/Weber vs Centrone/Mangen
• 18:00 semi-final 2 (m) Zender/Zuidberg vs Pernossi/Wolff
• 19:00 semi-final 1 (w) Ruellan/Schaus vs San Martin/Plusa
• 20:00 semi-final 2 (w) Complak/Lorang vs Kauka/Picht
Sonndeg 26/07/2026
• 13:15 Bronze match (w) loser semi-final 1 vs loser semi-final 2
• 14:15 Bronze match (m) loser semi-final 1 vs loser semi-final 2
• 15:45 Gold match (w) winner semi-final1 vs winner semi-final 2
• 16:45 Gold match (m) winner semi-final1 vs winner semi-final 2