Tennis: Australian OpenAlcaraz, Djokovic a Sinner stinn an den 1/8-Finallen, bei den Damme muss d'Naomi Osaka opginn

Ted Koob
Déi grouss Iwweraschunge gouf et bei den Australian Open bis ewell net. Déi gréisste Problemer, sech fir déi nächst Ronn ze qualifizéieren, hat de Jannik Sinner.
© DAVID GRAY/AFP

D’Nummer 2 vun der Welt hat wéinst der Hëtzt Problemer mam Kierper an huet vun enger Ënnerbriechung am Match profitéiert, fir sech géint den Eliot Spizzirri duerchzesetzen. An den éischten 3 Sätz hat de Sinner ëmmer nees Problemer mat Krämp an de Been an huet och misse behandelt ginn. Am 3. Saz (1:3 aus der Siicht vum Sinner) gouf de Match ënnerbrach, den Daach vun der Arena gouf zougemaach. An der Suite konnt de Sinner d’Partie mat 4:6, 6:3, 6:4, 6:4 fir sech entscheeden.

De Carlos Alcaraz an den Novak Djokovic hu sech an hire Partië kloer an 3 Sätz fir d’Aachtelsfinall qualifizéiert. Den Djokovic huet e weidere Rekord gebrach. Et war de 400. Succès fir de Serb bei engem Grand-Slam-Turnéier. Dat huet virun him nach kee gepackt. Den Out war et dogéint fir de Stan Wawrinka, fir deen et déi lescht Participatioun bei den Australian Open war. An enger serréierter Partie huet hie sech missen dem Amerikaner Taylor Fritz 6:7, 6:2, 4:6 a 4:6 geschloe ginn. An d’Aachtelsfinall hunn et ë.a. och nach den Alexander Zverev, de Ben Shelton, de Casper Ruud an de Lorenzo Musetti gepackt.

Bei den Damme konnt d’Japanerin Naomi Osaka an der 3. Ronn wéinst enger Blessur un de Bauchmuskelen net untrieden. Eng Ronn weider ass doduerch d’Australierin Maddison Inglis, déi sech als Qualifikantin fir den Haapttableau qualifizéiert hat. Am nächsten Tour spillt d’Inglis géint d’Nummer 2 vun der Welt Iga Swiatek. D’Nummer 1 vun der Welt Aryna Sabalenka hat sech géint d’Anastasia Potapova mat 7:6 a 7:6 behaapt. An den Aachtelsfinalle stinn donieft och 5 Amerikanerinnen. Nodeems sech d’Iva Jovic, d’Coco Gauff, d’Amanda Anisimova an d’Jessica Pegula duerchgesat gesat haten, koum och d’Titelverdeedegerin Madison Keys en Tour weider. An hirer Partie huet si sech mat 6:1 a 7:5 géint d’ Ashlyn Krueger duerchgesat.

Déi éischt Aachtelsfinalle ginn an der Nuecht op e Sonndeg gespillt.

Back to Top
CIM LOGO