Live op NetflixAlex Honnold wëll den Taipei 101 erop klammen – an dat ouni Seel

Ian Pocervina
Den US-amerikanesche Kloterer Alex Honnold wäert e Freideg den Taipei 101 ouni Seel eropklammen – eng aussergewéinlech Ausdauerleeschtung, déi weltwäit live op Netflix ze gesi wäert sinn.
D'Skyline vun Taipei gëtt kloer vum Tuerm a sengen 101 Stäck dominéiert.
D’Skyline vun Taipei gëtt kloer vum Tuerm a sengen 101 Stäck dominéiert.
© I-HWA CHENG/AFP

Den US-amerikanesche Kloterer Alex Honnold wäert den 23. Januar d’Fassad vum Taipei 101 an der Haaptstad vun Taiwan erop klammen – dat ouni Seel a live iwwerdroen op Netflix. Wéi den Extremsportler erkläert, läit déi gréisst Erausfuerderung dobäi net an engem eenzegen, besonnesch geféierleche Moment, mee an der kierperlecher Ausdauer iwwer déi ganz Héicht vum Gebai.

Den Honnold ass normalerweis éischter fir seng Aktivitéiten an der fräier Natur bekannt. Am Géigesaz zu natierleche Fielswänn stellt de Wolkenkratzer duerfir eng nei Zort Erausfuerderung fir hien duer.

Den Tuerm Taipei 101 huet eng speziell Architektur a besteet aus aacht gestaffelte Partien, déi u Bambussttaangen erënnere sollen. All Partie ëmfaasst aacht Stäck mat engem Balcon als Ofschloss.

Dat géif, esou den Honnold, engem klassesche “Pitch” beim Klammen entspriechen: eng laang, ustrengend Passage mat duerno ëmmer enger kuerzer Paus. A verschiddenen Hisiichte wier hien duerfir “manner ageschüchtert” wéi bei vergläichbaren Aktiounen ouni Seel an der Natur.

Dee gréissten Challenge gesäit den Honnold an der Ausdauer wéinst der konstanter kierperlecher Belaaschtung iwwer bal 100 Stäck. Wéi sech dat am Endeffekt ufillt, wier schwéier virauszesoen, sou den Athlet.

Fir d’Zuschauer, déi dat ganzt live verfollegen, soll net nëmmen de Moment selwer am Mëttelpunkt stoen. Wichteg wier et, och d’Virbereedung an de kloer definéierte Plang ze gesinn, deen hannert esou enger Leeschtung stécht.

Allgemeng ass den Honnold fir seng iwwerduerchschnëttlech roueg Approche zu immens geféierlechen Aktioune bekannt. Weltberüümt gouf hien duerch en Oscar-priméierten Documentaire vu National Geographic, dee weist wéi hien 2017 de berüchtegten El Capitan am Yosemite Park a Kalifornien erop klëmmt – an dat als éischt Persoun ganz ouni Seel.

Den Alex Honnold bei enger Afterparty vun den Oscars am Joer 2019, zesumme mat de Produzente vum Documentaire "Free Solo", den Jimmy Chin (lénks) an d'Elizabeth Chai Vasarhelyi (riets).
Den Alex Honnold bei enger Afterparty vun den Oscars am Joer 2019, zesumme mat de Produzente vum Documentaire “Free Solo”, den Jimmy Chin (lénks) an d’Elizabeth Chai Vasarhelyi (riets).
© ROBYN BECK/AFP

Wat dës nei geféierlech Aktioun awer vum El Capitan virun e puer Joer ënnerscheet ass, dass de mëttlerweil 40 Joer alen Honnold an der Tëschenzäit bestuet a Papp vun zwee klenge Kanner ass.

Back to Top
CIM LOGO