
D‘Nummer 2 op der Welt, de Carlos Alcaraz, hat jo am Virfeld vun de French Open wéinst enger Blessur um Handgelenk Forfait erkläert. Elo koum dobäi, datt de Spuenier scho fréizäiteg annoncéiert huet, och net zu Wimbledon kënnen ze spillen.
Aus Lëtzebuerger Siicht gouf de Chris Rodesch en Dënschdeg am éischten Tour vun der Qualifikatioun zu Roland Garros vum Schwäizer Leandro Riedi eliminéiert.