
De Chris Rodesch huet um Sonndegmëtteg d’Finall vum ATP-Turnéier am portugiseschen Oeiras gewonnen. D’Lëtzebuerger Nummer 1 huet sech an dräi Sätz (6:4, 4:6, 6:2) géint de Zsombor Piros behaapt. Den Ungar ass an der Weltranglëscht 39 Plaze besser klasséiert (170).
De Rodesch, d’Nummer 209 an der Weltranglëscht, huet am drëtte Saz e staarke Comeback gefeiert. No 3 Jeue louch de Rietshänner 1:2 hannen an huet duerno fënnef Jeue fir sech entscheet, fir um Enn als Gewënner vum Terrain ze goen. Et ass säin zweeten Titel an engem ATP-Challenger-Turnéier. Den éischten Titel hat hien 2025 zu Tallahassee an den USA gewonnen. Beim Turnéier zu Oeiras, dat eréischt zënter 2021 organiséiert gëtt, ginn insgesamt 145.000 € u Präisgelder verdeelt.