WimbledonChris Rodesch steet am zweeten Tour vun der Qualifikatioun

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Nummer 1 konnt sech an dräi Sätz géint de Fransous Florent Bax behaapten.
De Lëtzebuerger 2024 am Asaz fir d'Lëtzebuerger Davis-Cup-Ekipp
© RAUL ARBOLEDA AFP (Archiv)

E Méindeg stoung am Tennis den Optakt vun der Qualifikatioun fir Wimbledon um Programm. Den Haapttableau fänkt den 29. Juni un.

De Chris Rodesch war e Méindeg am 1. Tour vun der Qualifikatioun am Asaz. D'Lëtzebuerger Nummer 1 huet an 3 Sätz de Florent Bax 6:7, 6:1 a 6:4 eliminéiert a krit et domadder an der 2. Ronn mam Serb Dusan Lajovic ze dinn, deen d'leescht Joer am Haapttableau mat dobäi war.

Back to Top
CIM LOGO