ATP Challenger zu OeirasChris Rodesch steet an der Finall

Ted Koob
D'Lëtzebuerger Nummer 1 konnt sech an der Halleffinall an 2 Sätz géint de Vilius Gaubas aus Litauen duerchsetzen.
© RAUL ARBOLEDA / AFP (Archiv)

Dës Woch gëtt zu Oeiras a Portugal en ATP Challenger Tournoi gespillt. De Chris Rodesch huet sech um Samschdeg fir d’Finall qualifizéiert an huet dobäi de ganzen Tournoi iwwer nach kee Saz missen ofginn. An der Halleffinall huet sech d’Nummer 209 vun der Welt géint de Vilius Gaubas, d’Nummer 129 vun der Weltranglëscht, mat 7:6 a 7:6 duerchgesat. An der Finall spillt de Chris Rodesch entweder géint den Daniil Glinka aus Estland oder den Zsombor Piros aus Ungarn.

Back to Top
CIM LOGO