TurnenDe Christmas Gym Cup zitt vill Ekippen aus dem Ausland un

RTL Lëtzebuerg
D'Valentina Marochi ass eng ganz talentéiert Turnerin an huet Enn November un der Weltmeeschterschaft op de Philippinnen deelgeholl.

Eng vun den Turnerinnen, déi um Christmas Gym Cup mat deelgeholl huet, war d’Valentina Marochi. Déi jonk Turnerin gouf am all Around zu Manila déi 83. Et war hir éischt grouss Kompetitioun am Ausland. D’Weltmeeschterschaft war Enn November, d’Preparatiounszäit fir d’Kompetitioun zu Beetebuerg war deementspriechend kuerz ausgefall. Dofir war d’Valentina och mat enger gewësser Opreegung an de Weekend eragaangen. Dat neit Element um Sprong, ee Yurchenko gestréckt, gouf awer esou net gezielt, well d’Turnerin net genuch gestréckt war. Um Buedem huet d’Turnerin och en neit Element mat agebaut.

Am Ganzen hunn 140 Meedercher e Samschdeg an 120 Jongen e Sonndeg um Christmas Gym Cup deelgeholl. Eng Kompetitioun, déi schonn zanter Joren am Kalenner vum Beetebuerger Club steet. Niewent Lëtzebuerger Clibb waren ënnert anerem och belsch, franséisch an hollännesch Ekippen um Rendez-vous. D’Hal stéisst awer un hir Limitten, wat d’Plaz betrëfft.

Bei esou engem groussen Evenement brauch een och vill Benevollen, déi eng Hand mat upaken. Hei gouf et déi leescht Joren awer ëmmer méi schwéier, Leit ze fannen. D’Nadine Kremer, d’Responsabel vun de Benevollen, erkläert, datt vill Fräiwëlleger net méi ee ganzen Dag disponibel sinn, mee ëmmer nëmmen Deeler. Dofir schaffe si mat engem Tool, fir d’Aufgaben ze verdeelen an ze kucken, wéini nach Leit gebraucht ginn, éier dass cibléiert Leit kontaktéiert ginn.

Souguer déi Klengst aus dem Club hëllefe scho mat. D’Mini-Turnerinnen hu wärend dem Christmas Gym Cup nämlech eng immens wichteg Aufgab. Si sinn Ziedel-Meedercher, präziséiert d’Nadine Kremer. Hir Aufgab ass et, d’Ziedele vun de Jugen, mat de Resultater an den Zielbüro ze bréngen, do wou d’Notten ausgerechent ginn, an dat Ganzt, ouni den Turner an Turnerinnen am Wee ze stoen.

D’Valentina Marochi huet den all Around, d’Putter an de Buedem a hirer Kategorie gewonnen. Fir d’nächst Joer steet schonn eng Kompetitioun an der jonker Turnerin hirem Kalenner fest: Europameeschterschaft a Kroatien. Fir de Moment ass si déi Eenzeg, déi sech qualifizéiert huet. Geplangt ass, dass d’Valentina et och aus där enger oder anerer Qualifikatiounsronn packt. D’Trainerin Domenica Favoino präziséiert, dass et d’Zil ass, eng ganz Ekipp op d’Europameeschterschaft ze schécken. Dofir mussen déi aner Turnerinne sech awer nach qualifizéieren.

Déi nächst Chance kréie se beim Luxembourg Open den 2. an 3. Abrëll. Fir dat kënnen ze erreechen, misst awer nach vill trainéiert ginn an d’Meedercher missten nach méi als Ekipp zesummewuessen.

Back to Top
CIM LOGO