RTL-Interview no 8. Plaz bei Indoor-WME bësse Frust, e luese Start an Topp-Speed zum Schluss

Pierre Weimerskirch
D’Patrizia van der Weken gëtt bei der Halen-WM iwwer 60 Meter Aacht. E verpasste Start kascht eng besser Plaz, mee d’Leeschtung mécht vill Hoffnung fir d’100 Meter.
Italy's Zaynab Dosso (C) celebrates with Britain's Dina Asher-Smith (L), Luxembourg's Patrizia Van Der Weken, Saint Lucia's Julien Alfred, Poland's Ewa Swoboda and USA's Jacious Sears after winning the women's 60m final during the World Athletics Indoor Championships Kujawy Pomorze 2026 in Torun, Poland on March 21, 2026. (Photo by Wojtek RADWANSKI / AFP)
D’Italieenerin Zaynab Dosso ass Weltmeeschterin ginn. D’Patrizia van der Weken koum op Plaz 8.
© AFP

Um Dag no der Course fënnt d Sprinterin kloer Wieder fir hir Leeschtung.

“Dat ass frustrant, well ech weess, datt ech et besser kann. Esou e Feeler ausgerechent an der Finall, dat deet wéi.”

E bësse Frust, e luese Start an Topp-Speed zum Schluss
D’Patrizia van der Weken gëtt bei der Halen-WM iwwer 60 Meter Aacht. E verpasste Start kascht eng besser Plaz, mee d’Leeschtung mécht Hoffnung fir d’100 Meter.

Dobäi waren de Virlaf an d’Halleffinall ganz no Plang verlaf. An der Serie an an der Halleffinall huet si hir Course kontrolléiert duerchgezunn a sech ouni Problemer fir d’Finall qualifizéiert. Si selwer schwätzt vun engem “ganz propperen Dag“ bis dohinner, och wat d’Nerven ugeet. Och hire Coach Arnaud Starck gesäit dat positiv.

De Start war den entscheedende Moment

An der Finall huet sech d’Course awer an deenen éischte Meteren entscheet. De Start war fir d’Lëtzebuergerin net optimal an dat op enger Distanz, op där all Detail zielt, esou d’Conclusioun vun Athletin an Trainer. D’Patrizia Van der Weken huet direkt gemierkt, datt si hannendru war, an huet déi verlueren Zäit net méi ganz kënne guttmaachen. Och fir den Arnaud Starck ass dat de Schlëssel, virun allem an enger Finall, wou de Niveau extrem dicht ass.

Den Arnaud Starck no der 60-Meter-Finall vum Patrizia van der Weken
De Coach hëlt no der aachter Plaz och en Deel vun der Responsabilitéit op sech.

Kleng Detailer maachen d’Differenz

De Coach hëlt dobäi och en Deel vun der Responsabilitéit op sech. Fir hien ass kloer: op deem Niveau geet et ëm Detailer. Hien erkläert, datt ënner anerem d’Startbléck op grousse Championnater anescht kënne sinn. Net als Ausried, mee als Erklärungsusaz. Fir de Coach de Punkt, an deem ee sech nach verbessere kann.

D’Vitess ass do

Trotz der Enttäuschung hëlt d’Patrizia Van der Weken vill Positives mat. Virun allem hir Phas nom Depart war op héchstem Niveau. Si huet gewisen, datt hir Topp-Vitess absolut mat de Beschte mathale kann. D’Sprinterin bleift dofir iwwerzeegt, datt nach méi dran ass. Dat géif Hoffnung fir déi nächst Méint maachen, virop fir d’100 Meter. Wann et geléngt, de Start nach ze optiméieren, ass eng weider Entwécklung realistesch, esou den Arnaud Starck.

No enger kuerzer Paus geet et dann an déi nächst Preparatiounsphas.

Back to Top
CIM LOGO