
Zu Planica a Slowenien ass déi lescht Team-Competitioun am Schifléie bei den Häre gespronge ginn. D’Éisträicher Daniel Tschofenig, Markus Müller, Stefan Kraft a Stephan Embacher ware mat enger Punktzuel vun 1.439,5 Punkten net ze schloen. Op d’Plazen 2 an 3 koume Japan (1.425,6 Punkten) a Norwegen (1.418,0). Nach virum éischten Duerchgang hat den Domen Prevc am Training vill Chance. De Sloween gouf an der Loft vum staarke Wand erfaasst a konnt eng schwéier Chute am leschte Moment verhënneren.
Bei den Damme konnt sech an der leschter Competitioun vun der Saison d’Nika Prevc déi éischt Plaz sécheren. D’Sloweenin konnt sech souverän mat 405,3 Punkte virun der Norwegerin Eirin Maria Kvandal (388,1 Punkten) duerchsetzen. D’Kvandal huet d’Wäertung am Schifléien domadder gewonnen. De Podium gouf vun der Japanerin Nozomi Maruyama (361,7 Punkten) komplettéiert. Am Training hat d’Nika Prevc mat 242,5 Meter de Weltrekord am Damme-Schifléie gebrach. Zu Planica goung donieft och d’Karriär vun der Däitscher Schispréngerin Katharina Schmid op en Enn.