Young Athletes Day"Et geet och ouni Leeschtungsdrock"

Bern Thill
D’Sportministesch an de Familljeminister bei engem Spill, dat der Petanque änelt. Um "Young Athletes Day" vun de Special Olympics gëtt et awer keng Verléierer.
Young Athletes Day vun de Special Olympics
Um “Young Athletes Day” vun de Special Olympics gëtt et kee Leeschtungsdrock a keng Verléierer.

Déi mat de wäissen Trikote sinn d’Kanner aus de Kompetenzzentre fir intellektuell Entwécklung, begleet vun hirem Léierpersonal. Rout sinn d’Benevolle vu Special Olympics, déi Sport a Beweegung fir geeschteg behënnert Matmënschen organiséieren an encadréieren. Blo si Schüler aus dem Sportslycée, déi gewinnt sinn, de Sport aus der Perspektiv vun der Kompetitioun an der Leeschtung z’erliewen.

Déi Responsabel aus der Schoul fannen et wichteg, dass si och mat anere Facettë vum Sport Bekanntschaft maachen. An deem Beräich, schonn no kuerze Kontakter schéngt et konkret Resultater ze ginn. 50 Schülerinnen a Schüler vun den 3e Klasse waren am Asaz.

Déi Responsabel vu Special Olympics wënsche sech, dass et net nëmme bei engem hallwen Dag mat Sport a Beweegung bleift.

Back to Top
CIM LOGO