WantersportMarius Lindvik gewënnt zu Planica

RTL Lëtzebuerg
Den Norweger setzt sech beim Schifléien virum Domen Prevc an dem Johann Andre Forfang duerch.
Norway's Marius Lindvik reacts during the final round of the Men's Individual Large Hill event at the FIS Jumping World Cup in Planica on March 29, 2026. (Photo by JURE MAKOVEC / AFP)
© AFP

Zu Planica fënnt am Schisprangen traditionell daat leschte d’Sprangen am Weltcup statt. Op der legendärer Schanz fléien Schisprénger ronderëm de Weltcup-Gesamtgewënner Domen Prevc Wäiten iwwer 230 Meter.

E Sonndeg konnt sech de Norweger Marius Lindvik mat Spreng op 238,5 a 231 Meter d’Victoire sécheren. Op déi zweete Plaz flitt den Domen Prevc virum Johann Andre Forgang.

Fir den Domen Prevc geet domat eng beandrockend Saison op en Enn. De Slowen huet net nëmmen d’Véier Schanzen Tournée gewonnen, mee och nach de Gesamt-Weltcup an de Schifléien-Weltcup. Héichpunkt war am Februar awer seng Gold-Medail bei den Olympesche Spiller. Eng Saison vun der Superlativ deemno fir de Slowen.

Back to Top
CIM LOGO