
Mat enger Zäit vun 25"36 huet de Rémy Fabiani net just den neie Lëtzebuerger Rekord iwwer 50 Meter Réck am 50 Meter Basseng gebrach, ma sech och nach fir d'Finall A bei der Kompetitioun an den USA qualifizéieren. Hien huet säin eegene Rekord aus dem Joer 2024 gebrach. Dat huet d'Schwammfederatioun en Donneschdeg den Owend matgedeelt.