TriathlonD'Jeanne Lehair kënnt zu Yokohama op déi 3. Plaz, Victoire fir d'Tilda Mansson

RTL Lëtzebuerg
Zu Yokohama a Japan war e Samschdeg de Moien déi zweet Manche vun der World Triathlon Championship Series.
© NOGUCHI / YOMIURI / THE YOMIURI SHIMBUN VIA AFP

D'Goldmedail ass un déi jonk Schwedin Tilda Mansson gaangen (1:50:13), déi sech mat enger Avance vu just 2 Sekonne virun der Brittin Beth Potter duerchgesat huet. D'Lëtzebuergerin Jeanne Lehair huet sech mat engem Retard vun 23 Sekonnen als 3. klasséiert.

Virun 12 Méint hat d'Lehair zu Yokohama déi éischt Victoire an der World Triathlon Championship Series gefeiert.

Bei der éischter Manche vun dëser Saison zu Samarkand an Usbekistan hat d'Lëtzebuergerin et och schonn op déi 3. Plaz gepackt.

Back to Top
CIM LOGO