En Dënschdeg stoung bei der Véierschanzentournée dat lescht Sprangen um Programm. Mat engem grousse Virsprong am Réck war de Leader Domen Prevc op Bischofshofen gereest, wou hie sech zwar net d’Dagesvictoire, ma um Enn trotzdeem déi éischte Kéier a senger Karriär d’Schlussvictoire am General geséchert huet.
Zu Bischofshofen war d’Victoire vum Dag fir den Daniel Tschofenig, deen no zwee Spréng mat 303.90 Punkten op der 1. Plaz stoung. Hannendrun ass den Domen Prevc mat 299.80 Punkten op Plaz 2 gesprongen an de Ryoyu Kobayashi mat 299.60 op Plaz 3.
Bei den Damme war en Dënschdeg déi nächst Statioun vum Weltcup zu Villach. Op en Neits konnt sech hei d’Nika Prevc, d’Schwëster vum Domen Prevc, duerchsetzen, dat mat 248.70 Punkten an domat immens knapp virun der Éisträicherin Lisa Eder. Déi drëtt Plaz um Podium war fir d’Agnes Reisch mat 240.90 Punkten.