
D‘Liichtathletik-Federatioun huet en Donneschdeg offiziell matgedeelt, dass d'Victoria Rausch hir Lafschong un den Nol hänkt. D‘Sprinterin huet ënnert anerem den nationale Rekord iwwer 100 Meter Hecken an och deen iwwer 60 Meter Hecken an der Hal.
Am Wanter war si nach op der Indoor-Weltmeeschterschaft dobäi. 2022 war si op der EM zu München bis an d‘Halleffinallen iwwer 100 Meter Hecken komm.