
Bannent dem Lëtzebuerger Olympesche Comité gëtt et déi sougenannten Athlete-Kommissioun. An där sinn aktiv a fréier Sportler dran. D’Roll vun där Kommissioun ass ënnert anerem, fir d’Sportler an deene verschiddenste Beräicher ze ënnerstëtzen. Elo huet d’Athlete-Kommissioun eng Campagne gestart, fir de Sportler Rotschléi ze ginn, wéi ee Blessuren esou gutt wéi méiglech evitéiert. D’Presidentin vun der Kommissioun ass d’Christine Majerus. Déi fréier Coureuse seet, datt et wichteg ass, op säi Kierper ze lauschteren.
“Sujete wéi d’Iessen, d’Recuperatioun, op sech lauschteren, de Warm-Up an och de mentale Stress eng enorm Influenz op de Kierper kënnen hunn. Am allerschlëmmste Fall och de Grond sinn, firwat mir eis schwéier verletzen. Mi wëllen de Sportler einfach Messagë mat op de Wee ginn, fir esou Feeler ze evitéieren. Och bëssen den Ureiz ginn, fir selwer no Informatiounen ze sichen. Fir sech Froen ze stellen, Hëllef ze sichen an eventuell och mat eis doriwwer ze echangéieren.”
D’Campagne vun der Athlete-Kommissioun besteet aus fënnef Videoclippen, déi an den nächste Wochen no a no iwwer Social Media verbreet ginn. Fir d’Campagne ze lancéieren, huet d’Athlete-Komissioun mam Luxembourg Institute of Research in Orthopedics,Sports Medicine and Science (LIROMS) an dem Luxembourg Institute for High Performance in Sports (LIHPS) zesumme geschafft. Déi finanziell Ënnerstëtzung koum vum Fonds de solidarité vum COSL.