Finall vun der Äishockey-WMFinnland wënnt géint d'Schwäiz no Verlängerung

Tom Nols
Déi Schwäizer hu bei der WM am eegene Land déi drëtt WM-Finall hannertenee verluer. Fir Finnland ass et de fënnefte Weltmeeschter-Titel.
D'Finne freeë sech iwwert hire WM-Titel
D'Finne freeë sech iwwert hire WM-Titel
© SEBASTIEN BOZON/AFP

De Konsta Helenius huet an der Overtime den eenzege Gol vun der Partie geschoss an domat hunn d'Finne sech hire fënnefte WM-Titel geséchert. Bis dohin haten d'Schwäizer net ee Match am ganzen Turnéier verluer gehat. An der Virronn haten d'Eidgenossen nach 4:2 géint Finnland gewonnen.

An der "klenger" Finall huet Norwegen sensationell Bronze gewonnen, nodeems d'Skandinavier de Rekordweltmeeschter Kanada no Verlängerung mat 3:2 geklappt hunn.

Back to Top
CIM LOGO