D’Martine Hansen an hir Ekipp beim Sportsministère huet Mëtt der Woch zum traditionellen “pot du nouvel an” invitéiert. D’CSV Politikerin ass den 11. Dezember vereedegt ginn a si huet an éischter Linn eng grouss Prioritéit, nämlech d’Kommunikatioun. D’Politikerin aus dem Norden hat bis elo logescherweis net ganz vill Zäit sech anzeschaffen, wollt de Moment awer net verpassen all d’Acteuren aus dem Lëtzebuerger Sport eng éischte Kéier zesummenzebréngen.
“Och an deem anere Politikberäicher, wou ech schaffen, sëtzen ech op den Dialog. Ech fannen, datt een do am beschte virukënnt. Mam Kapp duerch d’ Mauer geet et schwéier. Mir haten och elo scho Versammlunge mam COSL, déi jo dann d’ Federatiounen an d’ Veräiner vertrëtt, wou mer schonn iwwert d’ Reform vum Subside Qualité Plus zesummen diskutéiert hunn, wou mer déi meeschte Punkte Léisunge fonnt hunn, wou mer elo dräi, véier Punkten hunn,déi eng Kéier sollen duerchdiskutéiert ginn. Ma mer eng zweet Ronn an da komme mer virun”.
Genee ewéi hire Virgänger Georges Mischo well déi nei Ministesch dem Sport méi finanziell Moyennë ginn. De Breede- an den Elittesport soll gestäerkt ginn. A virun allem solle fir d’Clibb an hir Benevollen e bessert Encadrement mat spezifesche Subsiden ënnerstëtze ginn.
“Dann hu mer de Sportskoordinator an de Gemengen. Ech mengen och, datt deen extreem wichteg ass, well deen um Terrain ass an dee ka scho kucke wéi een Aktioune besser vernetze kann a wat iwwerhaapt an der Gemeng nach gefrot ass, fir een Aktiounsplang opzebauen. An och do wëlle mer méi e klore Kader schafen, fir definitiv och do de Finanzkader kloer ofzegrenzen”.
De grousse Problem ass de Manktem u sportlecher Beweegung, virun allem bei de Kanner. An och do gesäit d’Martine Hansen Léisungen.
“Ech si gäre bereet, do nach eng Kéier mam Educatiounsminister ze schwätzen, well, wéi gesot, mir musse bei deene Klengen ufänken. Mir hunn eis fréier vum selwe beweegt, wa mer Fänkches gespillt hunn, an elo gëtt dat alles net méi gemaach. An do musse mer eis Käpp zesummestrécken, well et geet mam Klengen un.”
Méi Ënnerstëtzung fir de Sport an dat am Dialog. Der neier Ministesch Martine Hansen hir Ziler sinn héich gestach, mee net utopesch.