WantersportGiovanni Franzoni wënnt Descente zu Kitzbühel, Domen Prevc Weltmeeschter am Schifléien

Ted Koob
Den Italieener huet sech géint d'Konkurrenz aus der Schwäiz an Éisträich behaapt an d'Course op der "Streif" gewonnen.
© HANS PETER LOTTERMOSER / APA-PICTUREDESK / APA-PICTUREDESK VIA AFP

Fir den Giovanni Franzoni war et déi éischt Victoire an enger Descente. Um Samschdeg huet hien d’Course an enger Zäit vun enger Minutt 52 Sekonnen an 31 Honnertstel fir sech entscheet. Um Enn hat hien e ganz knappe Virsprong vu 7 Honnertstel op de Schwäizer Marco Odermatt, deen domadder weiderhin op en Erfolleg an der Descente zu Kitzbühel waart. De Podium gouf vum Fransous Maxence Muzaton komplettéiert. Hien hat e Retard vun 39 Honnertstel op de Franzoni.

Damme sinn um Samschdeg e Riseslalom zu Spindlermühle gefuer. D’Sara Hector aus Schweden stoung no 2 Duerchgäng ganz uewen um Podium. Op d’Plazen 2 an 3 koume béid Amerikanerinne Paula Moltzan a Mikaela Shiffrin mat engem Retard vun 18 an 23 Honnertstel.

Biathlon

Am Biathlon stoungen zu Nove Mesto an Tschechien d’Single-Mixed an d’Mixed-Staffelen um Programm. Bei der Single-Mixed-Staffel huet et laang no enger éischter Victoire fir déi däitsch Koppel Marlene Fichtner a Leonhard Pfund ausgesinn a si sollten och op der 1. Plaz iwwer d’Arrivée fueren. Déi däitsch Koppel gouf no der Course disqualifizéiert, well d’Fichtner nom Schéissen d’Gewier net richteg ugedoen hat. Profitéiert huet dovunner den Duo Suvi Minkkinen an Tero Seppala aus Finnland, déi nodréiglech op déi 1. Plaz gerutscht sinn. Op d’Plazen 2 an 3 koume Frankräich (Jeanne Richard an Emilien Claude) mat engem Retard vun iwwer 11 Sekonnen an Norwegen (Juni Arnekleiv a Martin Nevland) mat engem Réckstand vun iwwer 16 Sekonnen.

D’Victoire an der Mixed-Staffel goung un Italien. Mat enger Avance vun iwwer 15 Sekonnen op Frankräich op der zweeter an engem Virsprong vu bal enger Minutt op Tschechien ass Italien der Favoritteroll gerecht ginn.

Schisprangen

Bei den Dammen huet sech d’Sloweenin Nika Prevc déi 12. Victoire vun der Saison geséchert. Zu Sapporo a Japan hat d’Prevc e Virsprong vun iwwer 5 Punkten op d’Abigail Strate aus Kanada. Hannendru koum d’Anna Odine Strøm aus Norweegen op déi 3. Plaz.

Den Domen Prevc ass den Ament bei den Häre weder am Schisprangen nach am Schifléien ze schloen. Bei der WM zu Oberstdorf huet de Sloween sech den Titel geséchert, nodeems hie souwuel um Freideg wéi och um Samschdeg gewanne konnt. No 2 Deeg hat de Prevc bal 60 Punkte Virsprong op de Norweger Marius Lindvik op der 2. Plaz. D’Bronzemedail goung un de Ren Nikaido aus Japan, dee sech knapp hannert dem Lindvik placéiert huet. De Japaner louch nom éischten Dag nach virum Norweger.

Back to Top
CIM LOGO