"Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" mam Patrick Schon vum Tornado Lëtzebuerg"Längerfristeg kann ee vum Opstig schwätzen"

Sam Rickal
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch aus dem Äishockey de President vum Tornado Lëtzebuerg op Besuch.
© Sam Rickal

Den Tornado Lëtzebuerg ass ee vun deene groussen Äishockey-Veräiner am Grand-Duché a spillt souwuel am Lëtzebuerger Championnat LHL, wéi och der zweeter franséischer Divisioun. Donieft gëtt et mat de Beefort Knights an de Lëtzebuerg Foxes zwou weider grouss Ekippen, déi awer an der éischter belscher Divisioun spillen. De Patrick Schon huet bis ëm 2019 selwer Äishockey gespillt. Quasi direkt no senger Spillerkarriär gouf de 47 Joer ale Lëtzebuerger President vum Tornado Lëtzebuerg an ass och bei der Lëtzebuerger Äishockey-Federatioun als Tresorier aktiv.

Dës Woch ass aus dem Äishockey de President vum Tornado Lëtzebuerg Patrick Schon Invité vum Sam Rickal.

Opstig an déi 1. Divisioun ass längerfristeg een Zil

Den Tornado Lëtzebuerg steet an der zweeter franséischer Divisioun no 13 gespillte Matcher op der 6. Plaz an der Tabell. D’Ekipp vun der Kockelscheier ass op engem gudde Wee sech fir den Opstigs-Playoff ze qualifizéieren. Déi bescht 8 Ekippe spille géintenee fir opzesteigen. Réischt zanter zwou Saisonen ass de Lëtzebuerger Champion an der zweeter Divisioun aktiv. 2024 konnte si d’Montée feieren. Datt den Tornado Lëtzebuerg mat deene beschten Ekippe ka mathalen, hu si mat der knapper 3:4-Defaite géint den Tabelleleader Hogly an der 5:3-Victoire géint den Tabellenzweete Brest virun e puer Woche bewisen. Längerfristeg wëll een op der Kockelscheier eng Etage méi héich spillen, och wann de Maintien déi nächst 4 bis 5 Joer nach Prioritéit huet.

Summer League 2026

De Lëtzebuerger Championnat LHL ass an zwou Divisioune mat jeeweils 5 Ekippen opgedeelt. Donieft gëtt et och een Dammen- a Jugendchampionnat. Par rapport zu deene Jore virdrun verännert sech de Spillprogramm vun der éischter Divisioun bei den Hären. Gespillt gëtt eng Aart “Summer League”, déi am Summer ufänkt an Enn November ophält. Grond dofir ass ënner anerem déi verkierzten “Äiszäit” zu Beefort, déi hir Piste nëmme vun Enn Oktober bis Ufank Februar zur Verfügung hunn. D’Knights hunn am Summer d’Méiglechkeet, mam Tornado zesummen op der Kockelscheier ze trainéieren, fir méiglechst fair Conditiounen ze hunn.

Lëtzebuerger Äishockey-Nationalekipp am Ëmbroch

Am grousse Ganze ginn et dräi Lëtzebuerger Äishockey-Nationalekippen: d’A-Nationalekipp, d’U20-Nationalekipp an d’U18-Nationalekipp. Eng Dammen-Ekipp gëtt et aktuell nach net, well et net genuch Spillerinnen hei am Land gëtt. Déi Lëtzebuerger Äishockey-Federatioun schafft awer drun, fir an Zukunft eng Dammen-Nationalekipp op d’Been ze stellen. Well et nëmmen dräi Äispisten zu Lëtzebuerg ginn, zwou op der Kockelscheier an eng zu Beefort, stéisst d’Federatioun heiansdo un hir Grenzen. Et goufe schonn Diskussioune mam Sportsministère fir an Zukunft eventuell eng weider Pist am Süde vum Land ze bauen.

D’Drëtt Hallschent mam Patrick Schon kënnt Dir wéi gewinnt um RTL Play lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO