En Donneschdeg war eng gréisser Policekontroll an der Stater Gare an och op de Quaien. Wéi d'Police schreift, wieren hei 14 Beamten, dorënner zwee vun der Hondsstaffel, am Asaz gewiescht. Zil war et, Presence an der Gare ze weisen.
Am Verlaf vun dëser Kontroll gouf e Mann festgeholl, deen däitlech ënner Alkoholafloss stoung an d'Sécherheetsbeamten op der Gare belästegt huet. Zwou weider Persoune koume fir eng Identitéitskontroll mat op de Policebüro, well si sech net konnten ausweisen.
Bleiwe mer am Garer Quartier, hei gouf nämlech en Dënschdeg den Owend eng Ausernanersetzung tëscht zwou Persoune gemellt. Wéi d'Police op d'Plaz koum, hate Sécherheetsbeamten déi zwee Bedeelegt scho vunenee getrennt. Well ee vun de Männer däitlech ze vill gedronk hat an eng Gefor fir sech an anerer duergestallt huet, koum hien no enger Visitt bei engem Dokter an de Passagearrest.
Festgeholl gouf dann eng Persoun um Lampertsbierg, nodeems dës eng aner an enger Praxis vun engem Dokter ugegraff hat. Eng Fra gouf bei der Attack liicht blesséiert. De presuméierten Täter ass dono fortgelaf, konnt awer vun enger Patrull ugetraff an op Uerder vum Parquet festgeholl ginn. De Mann koum virun den Untersuchungsriichter.
E fréien Dënschdeg den Owend gouf eng Fra virun hirer Wunneng zu Uewerkäerjeng vun dräi Männer ugegraff. Éischten Ermëttlungen no hunn d'Ugräifer dem Affer mat Gewalt eng Goldkette vum Hals gerappt a wollten hir och hir Posch klauen. Dono sinn déi dräi a Richtung Industriezon geflücht. D'Police konnt ee vun de Verdächtege lokaliséieren. Dëse gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat e Mëttwoch de Moie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter. D'Ermëttlunge géint déi aner zwee Täter lafe weider.
Op der A6 a Richtung Belsch goufen d'Beamten en Dënschdeg de Mëtteg op en Automobilist opmierksam, dee verdächtegt gouf, a verschiddene Butteker geklaut ze hunn. D'Beamte konnten den Auto op der Aire de Capellen blockéieren, ma de Chauffer hat sech zu Fouss duerch d'Bascht gemaach. Mat Hëllef vu weidere Patrullen an dem Policehelikopter konnt de Mann an engem Feld lokaliséiert a gestallt ginn. Am Auto konnten d'Polizisten dann och verschidde Géigestänn, déi ënner anerem zu Rëmeleng an am Pommerlach geklaut goufen, sécherstellen. Dobäi kënnt, datt de Mann positiv op Droge getest gouf. Dofir gouf de Permis emol agezunn. Well de Mann awer schonn iwwer e Mandat d'arrêt gesicht gouf, koum hien an Untersuchungshaft.

Da sicht d'Police nach no dem Besëtzer vun enger E-Trottinett vun der Mark Kukirin. Déi schwaarz Trottinett vum Modell 2 huet markant wäiss Zeechen drop a gouf wuel geklaut. Leit, déi wësse wien de Besëtzer ka sinn, solle sech bei der Policestatioun Ardennes um (+352) 244 89 1000 oder per E-Mail u police.ardennes@police.etat.lu mellen.