
Eng Ekipp vun der Offallentsuergungsfirma "PreZero Lamesch" huet e Mëttwoch e Feier gesinn. Ma d'Employéeë vun der Firma hu mat enger gudder Reaktioun Schlëmmeres verhënnert.
D'Ekipp war nämlech mat engem Camion, mat engem Waassertank hannendrop ënnerwee bei e Client, wéi si tëscht Munneref a Réimech um Bord vun der Strooss e Feier gesinn hunn. D'Employée vun der Firma hunn doropshin decidéiert, stoen ze bleiwen an d'Feier ze läschen. Dat deelt "PreZero Lamesch" an engem Post op Linkedin mat. Duerno hu si op der Plaz op d'Pompjeeë gewaart, déi sech duerno ëm d'Situatioun gekëmmert hunn.
Wéi e Spriecher vun der Firma géigeniwwer de Kolleege vun RTL Infos sot, wieren d'Employéeën drop preparéiert, wéi ee sech sollt verhalen, wann e Feier géing ausbriechen. Dat hätt et hinnen erlaabt, déi néideg Schrëtt an d'Weeër ze leeden.
Méi Detailer zu dëser Story fannt Dir bei de Kolleege vun RTL Infos.