Den Iwwerbléck vum WantersportMarco Odermatt zu Wengen net ze schloen, Domen Prevc dominéiert a Japan

Jeff Birsens
De Schwäizer huet bei der heemescher Descente zu Wengen senger Konkurrenz keng Chance gelooss. Och den Domen Prevc war a Japan op en Neits eng Nummer ze héich fir déi aner Sprénger.
Switzerland's Marco Odermatt celebrates on the podium after winning the men's Alpine downhill race of the FIS Alpine Skiing World Cup in Wengen, on January 17, 2026.
© AFP

Schi Alpin

Bei den Hären huet sech de Marco Odermatt d’Victoire bei der legendärer Lauberhorn Descente zu Wengen geholl. De Schwäizer hat no sengem Duerchgang e Chrono vun 1:33.14 Minutt an huet domat dem Vincent Kriechmayr (+0.79s) an dem Giovanni Franzoni (+0.90s) hannendru keng Chance gelooss.

Bei den Damme stoung d’Descente zu Tarvisio um Programm. Hei konnt sech d’Nicol Delgado duerchsetzen, dat virun der Kira Weidle-Winkelmann (+0.20s) an der Lindsey Vonn (+0.26s).

Schisprangen

An der Nuecht op e Samschdeg waren d’Schisprénger am japanesche Sapporo am Asaz. Dobäi huet sech op en Neits den Domen Prevc souverän d’Victoire geséchert. De Slowen hat um Enn 285.70 Punkten op sengem Kont stoen an huet domat den Naoki Nakamura (263.60) an de Ren Nikaido (257.60) däitlech hannert sech gelooss.

D’Famill Prevc hat och am chineeseschen Zhangjiakou eppes ze feieren. Hei huet och d’Nika Prevc der Konkurrenz keng Chance gelooss an ass mat 113.60 Punkten op déi éischt Plaz gesprongen. Hannendru sinn d’Anna Odine Strom (97.50) an d’Nozomi Maruyama (94.70) op de Podium komm.

Back to Top
CIM LOGO