Op der Poursuite vun den Dammen zu Ruhpoliding huet sech d’Lou Jeanmonnot duerchgesat. D’Fransousin hat sech ee Feeler beim Schéissen erlaabt, ass no 29:26.60 Minutten awer als Éischt op d’Arrivée komm. 10.50 Sekonnen hannendrun huet et d’Hanna Öberg mat dräi Feeler nach op déi zweet Plaz gepackt an déi drëtt Plaz war ouni Feeler an engem Retard vun 12.90 Sekonne fir d’Camille Bened.
Am Schisprangen hunn, wéi och schonn e Samschdeg, och um Sonndeg nees d’Geschwëster Prevc dominéiert.
Bei den Damme konnt sech op en Neits d’Nika Prevc am chineeseschen Zhangjiakou behaapten, dat mat 113.60 Punkten an domat och engem grousse Virsprong virun dem Rescht vum Podium. Déi zweet Plaz war fir d’Anna Odine Strom (97.50 Punkten) an déi drëtt Plaz fir d’Nozomi Maruyama (94.70).
Méi knapp war et bei den Hären am japanesche Sapporo. 277.70 Punkte sinn dem Domen Prevc awer duergaangen, fir sech um Enn virum Ryoyu Kobayashi (274.20) d’Victoire ze sécheren. Déi drëtt Plaz war fir den Daniel Tschofenig mat 265.80 Punkten.
Am Slalom zu Wengen bei den Hären war den Atle Lie McGrath e Sonndeg net ze klappen. Den Norweger stoung no den zwee Duerchgäng ganz uewen um Podium, dat mat engem Ecart vun 0.47 Sekonne virum Lucas Pinheiro Braathen an 0.81 Sekonne virum Henrik Kristoffersen.
D’Damme waren dogéint beim Super G zu Tarvisio gefuerdert, wou et um Enn eng Victoire fir d’Emma Aicher ginn ass. Si huet d’Lindsey Vonn (+0.27 Sekonnen) an d’Ester Ledecka (+0.94 Sekonnen) hannert sech gelooss.