Equipped Powerlifting-EMNeie Weltrekord am Bänkdrécke fir d'Ankie Timmers

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Athletin konnt an Tschechien eng exzellent Performance ofruffen a gëtt um Enn am General déi Drëtt.
© PWFL

Op der Europameeschterschaft am Equipped Powerlifting zu Pilsen an Tschechien huet d‘Ankie Timmers mat 197,5 Kilo ee neie Weltrekord am Bänkdrécke realiséiert. An där Disziplin koum d'Lëtzebuergerin mat Ofstand op déi éischte Plaz.

Am General konnt si op der drëtter Plaz ofschléissen an domat Bronze wannen.

D‘Ankie Timmers wäert och an d‘Hall of Fame vum europäeschen Verband opgeholl ginn. De Präis gëtt un Athleeten, Traineren a Fonctionnairë verginn, déi sech duerch besonnesch Leeschtungen an deene leschte Joer ervirgedoen hunn.

No der 4. Plaz vum Emma Weydert an der 5. Plaz vum Ben Feiereisen bei de Junioren huet d'Lëtzebuerger Delegatioun en drëtt gutt Resultat bei dëser EM erreecht.

Back to Top
CIM LOGO