
De Chris Rodesch gouf am zweeten Tour vun der Qualifikatioun zu Wimbledon eliminéiert. De Lëtzebuerger huet sech an zwee Sätz mat 2-6 an 4-6 géint den Dusan Lajovic misste geschloe ginn.
De Routinier aus Serbien, aktuell Nummer 153 am ATP-Ranking, konnt de Rodesch véiermol breaken.