Diamond LeaguePatrizia van der Weken gëtt 3. zu Doha, Kemba Nelson wënnt d'Course

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend ass d'Lëtzebuerger Sprinterin zu Doha iwwer 100 Meter un den Depart gaangen.
Zu Doha koum d'Patricia van der Weken beim Diamond-Legue-Meeting op déi drëtte Plaz.
Zu Doha koum d'Patricia van der Weken beim Diamond-Legue-Meeting op déi drëtte Plaz.
© KARIM JAAFAR/AFP

Mat enger gudder Zäit vun 11 Sekonnen a 5 Honnertstel ass d'Patrizia van der Weken um Diamand-League-Meeting zu Doha op déi drëtte Plaz gelaf. Domadder läit si 0,05 Sekonnen iwwer hirer aktuell beschter Zäit, déi och zäitgläich den aktuelle Lëtzebuerger Rekord ass.

Séierst zu Doha war d'Kemba Nelson aus Jamaika mat 10.88. Op déi zweete Plaz koum d'Italieenerin Zaynab Dosso mat 11.01.

Back to Top
CIM LOGO