Ee Schratt vum Super Bowl ewechRams géint Seahawks a Patriots géint Broncos

Tom Nols
No der Divisional Round sinn an der National Football League elo nach 4 Ekippen iwwreg, déi sech Hoffnunge maachen dierfen op eng Plaz am Super Bowl.
Wanterlech Konditiounen zu Chicago
Wanterlech Konditiounen zu Chicago
© PATRICK MCDERMOTT/Getty Images via AFP

Véiermol Playoff-Action an der Divisional Round vun der NFL.

Bei déiwe Minustemperaturen a Schnéifall konnte sech d’Los Angeles Rams bei den Chicago Bears duerchsetzen. 18 Sekonne virum Enn vun der regulärer Spillzäit haten d’Bears sech nach an d’Verlängerung gerett, wou d’Rams du mat engem 54-Year-Field-Goal de Sak zougemaach hunn.

Am NFC Championship Game trëfft L.A. nächste Weekend op d’Seattle Seahawks, déi keng Problemer haten, fir sech mat 41:6 géint San Francisco duerchzesetzen. D'49ers hunn domat hir Dreem vum Super Bowl am eegene Stadion musse begruewen.

An der AFC hunn d’New England Patriots sech mat 28:16 géint d’Houston Texans behaapt. Et ass déi éischte Kéier zanter der Ära Tom Brady, dass d’Pats erëm an den Halleffinalle stinn.

An där anerer Partie stoung et no Verlängerung 33:30 fir d’Denver Broncos, déi domat d’Buffalo Bills eliminéiert hunn. Eng deier erkaafte Victoire fir d’Broncos, well hire Quarterback Bo Nix sech de Fouss gebrach huet an definitiv de Recht vun de Playoffs wäert ausfalen.

Nächste Sonndeg ginn dann d’Finalle vun de jeeweilege Conferences AFC an NFC gespillt. Um 21 Auer eiser Zäit wäerten d’Broncos op d’Patriots treffen, a kuerz no Hallefnuecht wäerten d’Seahawks géint d’Rams untrieden. D’Gewënner vun de respektive Matcher wäerten dann den 8. Februar am Super Bowl ëm den NFL-Championstitel spillen. All d’Matcher gi bei eisen däitsche Kolleege vun RTL iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO