Amplaz vun de Réiser Päerdsdeeg sollen dann awer zwee national Turnéieren, déi och soss op aneren Datumer organiséiert goufen, am Juni stattfannen.
No bis elo 32 Editioune vun de Réiser Päerdsdeeg wäert et 2026 eng Paus vum gréisste Reit-Turnéier am Grand-Duché ginn. Dat goung aus enger Pressekonferenz ervir, bei där den CEL a Kooperatioun mat der Gemeng Réiser erkläert huet, datt ee sech wéilt besser opstelle fir den Turnéier an Zukunft op engem nach méi héijem Niveau organiséieren ze kennen. De François Thiry, President vun der FLSE:
“Mir musse sportlech de Site topp maachen, well mir hautdesdaags gezwonge sinn ëmmer méi Reider unzeheizen. Mir musse maachen, datt d’Leit méi wéi glécklech sinn, se komme jo gären. Mir mussen natierlech e puer Voleten nach méi verbesseren, ënner anerem och de Welcome vun de Päerd. Wa se ukommen, dass se schéi Boxen hunn, déi dréche sinn, och wann et riicht era reent.”
Awer net nëmmen d’Päerd an d’Reider sollen vun der nächster Editioun 2027 un da besser encadréiert, mee och den ekologesche Volet soll nach méi wichteg ginn. Virun allem de Waasser Verbrauch steet dobäï am Vierdergrond. De Clemens Wintzer, President vun der CEL:
“Op der anerer Säit spillt dat Ekologescht natierlech och eng Roll. Mir kënnen dat ganzt Joer Waasser sammelen, wat mir dann notze fir ze nätzen, wa mir et brauchen. Mir mussen da kee Waasser aus engem Waasser-Reseau notzen, fir d’Pist intakt ze halen an datt se gutt ass fir de Sport.”
Amplaz vun de Réiser Päerdsdeeg sollen elo am Juni zwee national Turnéiere stattfannen, déi normalerweis op aneren Datumer am Joer ausgedroe ginn an elo extra verréckelt goufen.
“Mir hu jo all Joer Turnéieren ausserhalb vun de Réiser Päerdsdeeg op deem Site veranstalt. Dëst Joer ass et eben amplaz vun deem Turnéier op den nämmlechten Daten. Et ass eng Kéier ee Breitensport Turnéier, dat ass fir déi kleng Kanner mat manner Reglementatiounen. Dat anert Turnéier ass ënnert der LPO, dat ass de Reglement vun der däitscher Federatioun, dee mir och iwwerholl hunn. Et ass ënnert deem wou den Turnéier organiséiert gëtt. Dat sinn déi normal zwee national Turnéieren.” Sou de Clemens Wintzer weider.
Ob a wéini genau d’Ëmbauaarbechten um Herchesfeld no dësen Turnéiere starte kënnen, ass awer nach net gewosst. Et geet een awer dovun aus, datt der Editioun 2027 no engem Joer Paus näischt méi am Wee wäert stoen.