ÄishockeyTornado Lëtzebuerg wënnt an der Verlängerung zu Viry

RTL Lëtzebuerg
No der Victoire géint den Tabellenzweeten huet den Tornado Lëtzebuerg sech op en Neits zwee wichteg Punkte fir d'Playoffe geséchert.
© Yannick Herry

Den Tornado Lëtzebuerg huet e Samschdeg zu Viry an der Verlängerung mat 2:1 gewonnen an domat zwee wichteg Punkte fir d’Playoffe gesammelt. D’Lëtzebuerger Ekipp ass duerch dës Victoire elo punktgläich mat der Ekipp vu Viry op der 6. Plaz an der Tabell.

Schonn den éischte Match am Joer hat den Tornado doheem mat 5:3 géint den Tabellenzweeten Albatros de Brest gewonnen. Weider geet et den nächste Samschdeg um 19.00 Auer op der Kockelscheier géint den Tabellendrëtte vun Orléans.

Back to Top
CIM LOGO