
No zwou Victoiren am neien Joer ass et déi éischt Nidderlag fir d’Lëtzebuerger, déi nom éischten Drëttel scho mat 0:3 hanne geleeën haten, an net richteg an den Match konnte fannen.
Den zweeten Drëttel ass genee esou ugaange wéi den éischten Drëttel opgehalen hat, an Orléans konnt esouguer zweemol an Ënnerzuel markéieren an de Score op 0:5 setzen. Eréischt du sinn d’Acteure ronderëm de Christer Eriksson wakereg ginn a konnte mat zwee Goler den Ecart op 3 Goler reduzéieren.
Vun do un haten d’Lëtzebuerger méi Spillundeeler, mee si konnten de staarke Golkipp vun Orléans net méi iwwerwannen an hunn esou missten eng batter 2:5-Néierlag hinhuelen.
Den Tornado bleift trotzdeem mat 20 Punkten op der sechster Tabelleplaz, ganz knapp virum Tabellesiwente Français Volants mat 19 Punkten a Reims, déi zwee Matcher manner hu mat 18 Punkten.
D’Playoffs sinn esou nach net geséchert an et muss een hoffen, dass den Tornado, déi den nächste Weekend spillfräi sinn, sech an enger besserer Form präsentéiere wäert, wann et erëm op der Kockelscheier géint den Néngten an der Tabelle Courbevoie drëms goe wäert, wichteg 3 Punkten ze huelen.