Am Riseslalom e Samschdeg bei den Hären ass den Titel un de Victor Catel gaangen. Um Podium stoungen hannendrun nach de William Lindfors op der zweeter an de Sven Rollinger op der drëtter Plaz.
Bei den Damme geet den Titel am Riseslalom wéi erwaart un d‘Gwyneth ten Raa gaangen, dat um Enn virun hirer Schwëster Laurene ten Raa stoung. Op déi drëtte Plaz ass d‘Chiara Chausson komm.