Seng Passioun ass d'Fotografie, fir déi a vun där hie lieft.

Mam Marc Wilwert senger Vue duerch d‘Lëns a senger artistescher Patt, huet de Fotograf e facetteräiche Medium fonnt fir sech auszedrécken. Ma awer och op senger Aarbecht an der Photothéik kann hie senger Passioun nogoen.

Bei "Wat leeft?!" geet et ëm de milliounste Visiteur am MUDAM, d'Expo "New Painting Luxembourg" an der Abtei Neimënster, den Jazz-Museker E.J. Strickland "Op der Schmelz" an eng Ausstellung iwwer de Michael Jackson zu Paräis.

VIDEO: Wat leeft?!
Expo, Theater, Konzerten, Events: den Agenda vun der Télé

D'Artbox ëmmer samschdes um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d'Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.