An den nächste 6 Woche mécht RTL all Samschdeg d'Summerartbox fir Iech op.

D'Sandy Elsen hëlt Iech an der 1. Episod mat an den Diddelenger CNA op de "So So Summer" an op de Festival "Congés Annulés" an de Rotonden.

An an enger Serie iwwer kleng Lëtzebuerger Librairië si mer mam Claudia Kollwelter an d’Stad an den Alinea gaangen.