Dëse Samschdeg presentéiere mech de Kolla Festival zu Stengefort, an eng flott Expo iwwert d'Schueberfouer.

De Kolla Festival zu Stengefort ass kee klassesche Festival. D'Thema ass vun Ufank un “Collaborative Consumption” – eng Beweegung, bei där d’Nohaltegkeet an de Respekt virun der Natur am Fokus stinn. Ma och wann d’Iddi vum Festival nach ëmmer déi selwecht ass a sech och dëst Joer net villes geännert huet, esou gëtt awer dat ganzt Joer um Konzept geschafft.

D'Schueberfouer ass nees op an de Glacis zitt Millioune Begeeschterter un. Wien et méi roueg wëll hunn a intresséiert drun ass gewuer ze ginn, wéi d'Fouer entstanen ass a wéi se sech am Laf vun de Joerhonnerten entwéckelt huet, dee kritt déi richteg Äntwerten dorop an enger Ausstellung am Luxembourg City Museum um Krautmaart.
D'Ausstellung "Ons Schueberfouer" dauert nach bis den 29. Mäerz 2020.