Dëse Samschdeg maache mer d'Visite guidée "Walk the Art" a presentéieren Iech d'Molerin a Poetin Etel Adnan.

Vum Auguste Tremont senge Léiwe vrun der Gemeng um Knuedler bis bei d'Graffity-Konscht vu Spike a Sumo beim Cercle Cité, den LCTO an déi zwee Stater Muséeën "Villa Vauban" a Luxembourg City Museum proposéieren den Ament eng Visite Guidée bei d'Konschtwierker, déi uechtert d'Stad ze gesi sinn. Huelt Iech zwou Stonnen Zäit fir "Walk The Art".

D'Etel Adnan, gebuer 1925 am Libanon, ass heemlech an Owescoursen zu Beirut gaangen an huet méi spéit Philosophie studéiert. An den USA huet se ugefaange sech fir d'Molerei ze begeeschteren an einfach ugefaange mat Faarwen ze schaffen. Eréischt méi spéit ass d'Molerin, déi och schreift, bekannt ginn, och haut mat 94 Joer, ass d'Etel Adnan nach ëmmer aktiv.
Ze gesinn sinn hir Wierker nach dës Woch am MUDAM.