De Schauspiller Raoul Schlechter ass souwuel ap der Bün wéi am Film doheem. Mir kucke mat him hannert d’Kulissen vun der Produktioun “Ivanov” a maache mat him en Tour duerch d’Stater Theateren.
De Sven Sauber huet säin éischte Solo Album erausbruecht mam Titel „Another Day“
an de britesche Kënschtler JKB Fletcher hëlt eis mat a säin Atelier an a seng nei Expo.
D’Nicool rappt 90 Sekonne laang.
D’Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu, wou d’Emissioun duerno och am Replay ze fannen ass.