E Portrait vum Kënschtler Franz Ruf, d'Projete vum Fotograf Yannick Cousinne an e Besuch beim Pianist Jean Muller.

De Franz Ruf ass gebierteg aus dem Allgäu a sollt u sech just fir 2 Joer op Lëtzebuerg kommen, dat si mëttlerweil schonn iwwer 40 Joer hier. D'Léift an d'Aarbecht hunn hien hei gehal. Nieft senger Aarbecht an de Finanzen, huet hien ëmmer scho gemoolt an huet spéider och d’Gravure fir sech entdeckt. D'lescht Joer huet de Franz Ruf de Prix Grand-Duc Adolphe vum CAL kritt a konnt sech dowéinst säi Wonsch vun enger grousser Expo erfëllen.

Schonn als Kand war de Yannick Cousinne faszinéiert vun der Fotografie. No der Première huet hien decidéiert säi Gléck als Freelance Fotograf ze versichen a schafft den Ament um Konzept vu senger Serie „Human Vulnerability“.

Op am Konzerthaus zu Berlin, an der Carnegie Hall zu New York oder am Oriental Art Center zu Shanghai – de Lëtzebuerger Pianist Jean Müller ass schonn op deene prestigiéiste Bühne vun der Welt opgetrueden. Hien huet eis en Abléck a säi musikaleschen Univers ginn op de Spuere vu Beethoven, Mozart a Co.

D'Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu an op RTL Play.