E Portrait vun der Pianistin Sabine Weyer, den Danzprojet vum Isaiah Wilson an Supports/Surfaces am MNHA.

De Piano spillt schonn ëmmer eng wichteg Roll am Sabine Weyer hirem Liewen. Concerten huet si schonn op villen Ecken op der Welt gespillt an am Januar ass hir nei CD "Mysteries" erauskomm.

Danz a Corona - och dat ass zënter geschwënn engem Joer d'Realitéit vum Isaiah Wilson. Den Trois-CL huet sech dofir e Konzept ausgeduecht dat souwuel digital wéi och am Sall funktionéiert.

Den MNHA weist den Ament eng wichteg Kollektioun u Wierker aus dem franséischen Mouvement "Supports Surfaces". E Mouvement dat déi traditionell Molerei a Fro stellt.

Den Timo Wagner an de Franz Liebig hunn hir Zäit sënnvoll genotzt fir sech de groussen Froen vum Liewen ze stellen an dat an 90 Sekonnen. Si spillen en Extrait aus der Theaterproduktioun "Rosenkranz & Güldenstern auf Greta".

D'Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream op RTL.lu an op RTL Play.