E Portrait vum Batteur Paul Wiltgen, de Ciné-Concert Charlie Chaplin an der Philharmonie an de William Kentridge am Mudam.

Laang Zäit huet de Batteur Paul Wiltgen zu New York gelieft. Mat senge verschiddene Museksformatiounen an dem Trio "Reis Demuth Wiltgen" huet hien schonn op ville Concertsbüne ronderëm d’Welt gespillt.

Hien gëlt als Weltstar vum Kino an zielt zu de bekanntsten Komiker aus der Filmgeschicht. Mir kruten en Abléck hannert d’Kulisse vum Ciné-Concert "Charlie Chaplin" an der Philharmonie.

Ee vun de populäerste Kënschtler aus eiser Zäit – de Südafrikaner William Kentridge stellt den Ament am Mudam aus. Hien ass virun allem duerch seng Animatiounsfilmer mat Kuelen-Zeechnunge bekannt ginn.

An de Max Nockels rappt fir 90 Sekonnen.

D'Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.