E Portrait vum Irina Moons, d'Kënschtlerfamill Clement, "Hors Circuit" am 3CL an 90 Sekonne fir d'Angel Cara.
Hire Stil ass faarweg a verspillt – d’Irina Moons schafft zënter 6 Joer als fräischaffend Illustratrice a Webdesignerin. Mir hu si bei hiren aktuelle Projete begleed.
3 Generatiounen – de Maurice, de Mathieu an de Raymond Clement présenteieren hiren éischte Generatioune Projet mat engem Concert an enger Ausstellung.
« Hors Circuit » dat ass de Numm vun engem Pilotprojet vum Trois CL – eng nei kreativ Plattform fir Dänzer a Choreografen.
An d’Angel Cara présenteiert hiert neit Lidd „One Day“ an 90 Sekonnen.
Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.