E Portrait vum Florence Reckinger-Taddeï an den éischten Deel vun der Expo Dis-placed zu Esch.

D’Florence Reckinger-Taddeï lieft a schafft tëscht Lëtzebuerg a Südfrankräich. Mat der Associatioun Lët’z Arles huet si eng Bréck gebaut tëscht de "Rencontres de la photographie" vun Arles an der Lëtzebuerger Fotografiezeen. Mir kruten en Abléck an hiren Alldag hei Lëtzebuerg a mir hunn si am Kader vun deem berüümte Fotografie-Festival an der Provence getraff.

Donieft ware mir eis am Kader vun der Escher Architektur-Biennale dat éischt Kapitel vum Konscht-Projet Dis-placed ukucken.

Artbox, dëse Samschdeg um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.