D'Céline Camara
E Portrait vun der Actrice Céline Camara, ausserdeem den Titus Schade an der Konschthal an de Projet "Däischter Deeg" vum Fränz Hausemer.
Mam Improvisatiounstheater huet alles ugefaangen. D'Schauspillerin Céline Camara, déi gebierteg vu Paräis kënnt, ass zënter e puer Joer e festen Deel vun der nationaler Theater a Filmzeen. Si hëlt eis mat op d'Rees vun hirer Karriär.
Den Titus Schade gehéiert zu de bekanntste Moler aus Däitschland. Den Ament huet hien seng éischt Eenzelausstellung baussent senger Heemecht, an der Konschthal zu Esch.
"Däischter Deeg", esou heescht den neie Projet vum Fränz Hausemer. Hei handelt et sech ëm vertounte Gedichter vum Filmregisseur a Schrëftsteller Gaston Rollinger.
Artbox, dëse Samschdeg um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.