De Sacha Hanlet
E Portrait vum Museker Sacha Hanlet, d‘Theaterstéck "d'Julie an den Aprikosejong" am Centaure an d'Jazz-Guitarristin a Komponistin Veda Bartringer.
D'Musek ass dem Sacha Hanlet seng grouss Leidenschaft. Déi lescht dräi Joer iwwer huet de Multi-Instrumentalist, Singer-Songwriter a Produzent an der Escher Kulturfabrik u sengem Solo-Projet "Them Lights" geschafft. Hie gëtt eis en Abléck a säin Alldag.
"D'Julie an den Aprikosejong", esou heescht eng Geschicht vum Lëtzebuerger Auteur Cosimo Suglia, déi ursprénglech eng Horrorgeschicht war. D'Regisseurin Daliah Kentges an hir Ekipp hunn dorausser ee Märche fir den Theater gemaach.
Am Trifolion zu Iechternach hu mir déi jonk Jazz-Gittaristin a Komponistin Veda Bartringer getraff, déi am Abrëll mat hirem Quartett hiren alleréischten Album rausbruecht huet.
Artbox, dëse Samschdeg um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.