E Portrait vum Kënschtler Franck Miltgen, ausserdeem d'Sascha Ley mat "Cosmos (not enough)" an de Luthier João Godinho.

A senger Konscht schafft de Franck Miltgen mat sengen eegenen Hüllen a Fassaden oder mat deenen, déi eist Ëmfeld hierginn, ob an der Natur oder am urbane Raum. De Kënschtler hëlt eis mat bei seng Graffiti-Originne bis hin zu senger neier Eenzelausstellung.

D’Sascha Ley stellt hir neiste Kreatioun am TNL mam Titel «Cosmos (not enough)” fir a mir ware beim Luthier João Godinho am Atelier zu Bouneweg.

Artbox, dëse Samschdeg um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.