E Portrait vum Timo Wagner, eng Visitt beim Roland Schauls am Atelier, de jonke Fotograf Bruno Oliveira an 90 Sekonnen mat "All d'Déieren aus dem Bësch".

Seng Plaz ass op der Bün oder hannert der Kamera – den Timo Wagner war an de leschte Joren a ville bekannte Produktiounen am Theater oder am Kino dobäi. Mir hunn de Schauspiller zu Stuttgart an zu Lëtzebuerg bei sengen aktuelle Projete begleet.

An der Haaptstad vu Baden-Württemberg lieft och schonn zënter 1974 de Lëtzebuerger Moler Roland Schauls, am Interview gëtt hien eis en Androck iwwer seng aktuell Positioun um Konschtmarché.

De Fotograf Bruno Oliveira, dee viru kuerzem am Casino Display ausgestallt huet, hëlt eis mat a säi kënschtlereschen Prozess.

"All d'Déieren aus dem Bësch" – heescht et an de 90 Sekonnen - e Mäerchen vun de Bridder Grimm op der Bün vum Groussen Theater.

Artbox um 19.00 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an am Livestream a Replay op RTL.lu an op RTL Play.